Nom Stuerm vun e Sonndeg: Aussergewéinlech Tournée fir Bam- an Heckeschnatt de 17. Juli


Nom Stuerm deen e Sonndeg, 6. Juli owes iwwert eist Land gezunn ass, sinn eng hällewull Äscht, Hecken a Beem an eiser Gemeng gebrach oder souguer ëmgefall.

Fir datt d’Bierger aus eiser Gemeng dës Iwwerreschter vum Stuerm kënnen entsuergen, huet de Schäfferot décidéiert an der ganzer Gemeng Käerjeng eng aussergewéinlech Tournée fir Bam- an Heckeschnatt duerchzeféieren an zwar en

Donneschdeg, 17. Juli 2014.

Mir erënneren drun, datt d’Äscht an Hecken mussen zesummegestréckt um Trottoir ofgestallt ginn ouni de Passage ze behënneren. Stämm däerfen net méi laang wéi 1 Meter an net méi déck wéi 15 Zentimeter sinn.

Villmools Merci fir Äer Mathëllef.