Installatiounsfeier vum Abbé Maurice Péporté zu Wolz den 22.9.2019 um 16 Auer.

Haut Sondeg den 22. September 2019 um 16:00 Auer wor eng konzelebréiert Pontifikalmass présidéiert vum Här Erzbëschof Jean-Claude Hollerich, an der Dekanatskirch vun Nidderwolz mat der Installatioun vum Abbé Maurice Péporté als Paschtouer vun der Por Wolz an Dechen vum Dekanat Norden.

1966 zu Esch-Uelzecht gebuer, an seng Kanner- an Jugendzäit zu Reckéng op der Mess verbruecht, as den Här Maurice Péporté no senger Schoul- a Studienzäit den 6. Juli 1991 vum Äerzbeschof Fernand Franck zum Priister geweiht gin.

Fir t'eischt Kaploun am Porverband Miersch as hien dun Paschtouer am Porverband Fiels gin. No 15 Joer as hien dun an di heiteg Por Ettelbréck Saints-Pierre-et Paul gewiässelt, wou hien di lescht 11 Joer gewierkt hot. Doderniefend war hien och nach Aumônier an der Ecole Privée Sainte Anne an zënter 2013 un och Direktor vun Missio Lëtzebuerg.

Ganz vill Leit aus der Por Wolz an dem Dekanat Norden hun drop gehalen, hiren neien Paschtouer an Dechen bei senger Installationsfeier an der Nidderwolzer Kirch, Wëllkommen ze héschen durch hir Präzens an der Pontifikalmass.

Vill Kraaft, Gesondhét an Freed wënschen ech mat allen glëwegen Katholiken aus dem Dekanat Norden an aus der Por Wolz, eisem neien Paschtouer an Dechen, dem Abbé Maurice Péporté a sengem neien Wierkungskrees, hei Uewen am schéinen Norden.


Pol Sassel