D‘Kanner vun Nacher maachen en Don

Ob Liichtmëssdag sinn d'Kanner vun Nacher zu 30 Stéck duerch Duerf gezunn. Si wollten zesumme Suen fir e gudden Zweck sammele mat der Hëllef vun den Awunner. Den 16. Februar sinn d'Kanner vun Haus zu Haus gespronge fir de Leit Gléck an d'Haus ze wënsche mee awer och fir déi faasicht Sprooden eraus ze kréien. Si all hunn um Schluss Médecins sans Frontières e Schéck vun 860€ iwwerwise fir de Leit an der Türkei an a Syrien nom Äerdbiewe kënnen ze hëllefen. Merci un d'Leit aus der Gemeng an och der Gemeng selwer fir är Hëllef.