Liichtmessdag

Nacher/Nacherstrooss : Wéi all Joer waren d’Kanner och des Kéier rem ganz motivéiert fir duerch d’Stroossen liichten ze goen.

Nom Motto « kommt der net bal, d’Féiss gin ons kaal... »sin si mat vill Freed vun Haus zu Haus gezunn an hun dobäi rem vill Séissegkeeten an Suen gesammelt! Sou hun si 1420.- Euro zesummenkritt an deen ganzen Erléis ass dest Joer un d’Ile aux clowns gespend gin! Groussen MERCI un d’Duerfleit!