Dag vum Bam

Am Kader vum Dag vum Bam 2019 gouf e Samschdeg zu Näerzeng e Kanner-Bongert fir all déi Neigebueren tëschent dem 1. Oktober 2018 an dem 30. September 2019 ugeluecht. Vill Elteren haten sech afonnt a krute vum Schäfferot ausserdeem nach e Rauchmelder als klenge Cadeau iwwerreecht.