De Reitstall a Millen feiert Enn Juli seng 25 Joer an dat 25. Päerdsfest

De Reitstall a Millen asbl gouf 1991 vun e puer Päerdsfrënn vu Lëntgen gegrënnt, mam Ziel Kanner mat Déieren an der Natur zesummen ze bréngen. De Reitstall ass dunn Enn 1994 op Noumer an d‘Millebaach geplënnert, wou e bis haut doheem ass. Et steet Bësch- a Manègereiden um Programm a mir hunn och ee Voltigéiergrupp. De Reitstall huet dat ganzt Joer iwwer vill Aktivitéiten, an di bekanntst ass dat traditionnellt Päerdsfest. Den 19. Juli 1992 war et fir d’éischt zu Lëntgen an zanter 1995 ass dëst Fest aus dem Manifestatiounskalenner vun der Gemeng Noumer net méi wech ze denken. Dëst Joer feiere mir eise 25. Gebuertsdag an och eist 25. Päerdsfest an a rondrëm d’Manège vum Reitstall.
Fir dëse ronne Gebuertsdag uerdentlech ze feieren organiséiere mir, zesumme mat Terra Rubea an den Knights of Luxembourg ee grousst Mëttelalterfest mat Maart an internationalem Rittertournoi. Vum 22. bis de 24. Juli waart een ofwiesslungsräiche Programm op Grouss a Kléng. D’Visiteuren erliewe vu freides bis sonndes ënnert anerem ee mëttelalterleche Cortège mat Päerd a Kutsch duerch Noumer, d’Feierlechkeeten fir 25 Joer encadréiert vun de Feierowendsänger vu Colmer-Bierg, ee Concert mam Grupp Säitesprong, ee flotte Maart mat iwwer 25 Verkafsstänn, de Red Lion Challenge, wou Ritter aus ville Länner géinteneen untrieden, ee Showprogramm mat de Päerd, eng Feiershow mat le bal des enflammés, ee mëttelalterleche Bal mat Dänz an authentischer Musek vun la mesnie hennequin a leodio, Bouschéissen, Animatioun an Atelier’en fir d’Kanner a Ponyreiden.
D’Equipe vum Reitstall huet sech wéi all Joer vill Méi ginn an zervéiert Spezialitéiten wéi Flammkuchen, Kéis am Nascht, Kéisspätzle a Gedrénks wéi Met, Hunnegbéier, Cidre, a villes méi.
Weider Informatioune fannt Dir op eiser Websäit https://www.reitstallamillen.lu
Eise Veräin zielt 25 aktiv an 11 Comitésmemberen. 90 Éirememberen ënnerstëtzen de Comité bei verschiddene Projet’en. Am Moment sinn am Reitstall 8 Päerd.
De Comité 2016 setzt sech folgendermoossen zesummen:
Presidentin: Mariette Tompers
Vizepresidentin: Berthy Miltgen
Sekretärin: Abti Franzetti-Engel
Keessjee: Brigitte Eicher
Bäisetzend: Tanja Balthasar, Yannick Dostert, Sandy Faber, Catherine Hanck, Rose Mühlen, Claudine Schmitz, Chantal Walch

Weitere Neuigkeiten von Rose Mühlen >