Konveniat 2023

Viru 14 Deeg hu mir eisen 3. Konveniat vun de Joërgäng 62/63/64/65/66/67 aus der Primärschoul vun der Gemeng Noumer ofgehalen. Usech war e scho fir 2020 firgesinn, mee aus bekannte Grënn hu mer eis missten bis dëst Joër gedëllegen.

Mir hunn eis am Laf vum Samsteg Moien zu Schrondweiler an der Epicerie getraff. No engem Kaffi an enger Mëtsch si mer ze Fouss op Noumer getrëppelt. Am Restaurant vum Europacamping Noumerlayen hu mir gudd giess an e puer flott Stonne verbruecht. Den nächste Konveniat fënnt 2025 statt.

Weitere Neuigkeiten von Gast Zellinger >