Nationalen Dag vum Bam an der Gemeng Noumer

Fir eis dësjähreg Planzaktioun, den 19/20. November, wore mir zu Gaascht bei der Famill Meyers vum Schleederhaff zu Cruchten. An hirem Bongert goufen eng ganz Reih vun einheimeschen Uebstbeem geplanzt souwéi och e Formschnëtt u scho méi ale Beem virgeholl. No enger interessanter Aféierung duerch eise Fiérschter Gilles Schneider goung et dun op den Terrain. An der Hal wou den Här Meyers eis frëndlecherweis zur Verfügung gestallt huet kruten d'Kanner zousätzlech a Form vun engem Billerquiz Informatiounen zum Steekauz, eiser klengsten einheimeschen Eil wou an dësem Bongert virkënnt. Doniéwt sin och nach Fliédermauskëschten zesummegebaut gin wou de Fiérschter mat sénge Leit schon präparéiert hat. Freides woren 3 Klassen vun der Primärschoul am Asaatz an de Samschdeg wor fir d'Allgemengheet virgesin. Organisator vun dëser Aktioun woren der Traditioun no, d'Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht mat der ANF, dem Natur-a Geopark Mëllerdall an Natur & Ëmwelt. Vu Säiten der Gemeng woren den Här Buergermeeschter Franco Campana souwéi déi Hären Reiter a Lommel präsent.

R. Schroeder, Ëmweltkommissioun Biller: A. Classen