Konveniat Zu Besslek Liliane Morn

Den 8. Oktober sën an der Schull zu Beesslek, op Oladung van hirem fréiere Schullkamerod, dem Arnold Bourggraff, déi Beessleker fir e Konveniat zesamme kommen, déi van 1946 bis 1974/75 wu d’Schull zou gemaat guff, do an der Schull woren.

No der Begrissung, an no enger kurzer Zekt, wie jidderen den anneren erëmkannt hat, ass eng Errënnerungsfoto gemat iän.

Dono sën si op Huldang an de Restaurant K gefahren, bei hire Schullkamerod, dem Propriétaire vam Restaurant e Beessleker Jong, deen hinnen den Apéritif offréiert hat.

No enger Gedenkminut fir déi Verstuarwen Kommeroden-innen, sën bei engem goudden Aessen, enger Fotoausstellung an Diaen van Beesslek op engem grussen Ecran, vill sching Erënnerungen ausgestosch iän.

Ewell vill sich nët mi seit langem geseen han, wor d‘Freed bei allen Gruss, an wi gesot ass iän, wa merr hockt nët hei zesammen kommen waeren, wé weess op mer eis dann na emol geseen.

Jiddefalls wor et fir déi Beessleker Meedercher an Jongen sching Stonnen déi Si esu bal nët veriässe werden.

Leyder-Morn Liliane