Uewerdonwen inertnational Muselwanderung vun de Muselfrënn

Réckbléck op dem Wanderveräin Muselfrënn seng IVV-61. international Muselwanderung zu Uewerdonwen.

Ouni déi formidabel Zesummenaarbecht mam Club des Jeunes wär dës Organisatioun net ze realiséiere gewiecht. Béid Veräiner haten déi Chargen wéi Kaffi a Kuch an Iessen an Drénken opgedeelt an hir Erwaardungen a Preparatiounen den aktuellen IVV-Wandererzuelen ugepasst. Vun deenen virun der Coronazäit därf een dreemen. Dat bestallte, schéint Wieder war eréischt no der Wanderung ukomm an „international“ waren 23 Wanderer aus eisen 3 Nopeschlänner ugetrueden. Infos zu de Wanderstrecken:

Déi 3 ugebuede Wanderstrecken gi scho Méint virum Termin erausgesicht, op offizielle Plazen ugefrot an no allen Autorisatiounen och bei der Wanderfederatioun-FLMP op hirer Internetsäit mam geneeëm Geoportalstreckeverlaf publizéiert.

Vläicht hat dat Lescht engem gestéierte Geescht verhollef virum Wanderdag déi néideg Markéierungen an Hiwäisschëlter op enger gudder Zuel vu Parcourskilometeren verschwannen ze loossen. Do wär Preventioun méiglech.

Datt um IVV-Dag Weemarkéierungen irféierend deplacéiert goufen war och näischt Neies.

Trotzdem, bei all Veräin waren owes nëmmen zefridde Gesiichter ze gesinn an e grousse Merci all deenen déi eis ënnerstëtzt a matgeschafft haten. Jos Soffiaturo