Een Don vum Pall Center

Services de l'Entraide CNDS asbl soen dem Christiane Wickler an der ganzer Equipe vum Pall Center vun Uewerpallen villmols Merci fir de generéisen Don vun neie Kleeder, déi si gespent hunn. Services de l'Entraide CNDS asbl sinn eng sozial- a beruflech Réintegratiounstruktur, wou Mattbierger, déi aus de verschiddenste Grënn den Uschloss un d'Aarbechtswelt verluer hunn, eng therapeutisch, sozial an pädagogisch Hëllef duerch Aarbecht, Ausbildung an Weidervermëttlung kréien.

Mam Projet „Kleederstuff“, wou d'Kleeder zu ganz moderate Präisser ugebuede ginn, ginn esou Familljen an Eenzelpersounen, déi eng finanziell Armut hunn, ënnerstëtzt. Zousätzlech kënnen och weidere Matbierger eng Aarbecht am Projet ugebuede ginn. (TEXT/FOTO: C.)