D'Ouljer Musek ënnerstëtzt d'Amicale Institut St. Joseph vu Betzder

Scheckiwwerreechung

D’Ouljer Musek ënnerstëtzt d’Amicale Institut St. Joseph vu Betzder

Bei Geleeënheet vun hierer Generalversammlung huet d’Ouljer Musek e Scheck vun 2.500€ un d’Amicale Institut St. Joseph vu Betzder iwwerreecht. D’Sue stamen aus dem Erléis vum traditionnelle Chrëschtconcert vun der Ouljer Musek, dee wéi all Joer e grousse Succès war a vill Leit an de Syrkus op Ruedt-Syr gezunn hat.

D’Vizepresidentin Christiane Bruck-Greif hat erkläert, datt d’Suen vun der Quête integral gespend géifen, fir de Bewunner vum Institut vu Betzder aussergewéinlech Erliefnisser oder d’Uschafung vu spezielle Gerätschaften ze erméiglechen. No Glühwäin a Chrëschtgebäk hat de Publikum sech spendabel gewisen.

Op dëser Plaz nach eng Kéier en häerzleche Merci un de Komitee, d’Musikanten an hieren Dirigent Sigi Garson fir hieren Asaz.


Text : Christiane Bruck-Greif