Gaart an Heem Ouljen: Ausfluch op den Keukenhof

Den Gaart an Heem Ouljen huet zwee flotter Deeg an Holland verbruecht. Nodeems Sie Samsdes d'Wandmillen zu Kinderdijk kucken waren, hun Sie duerno eng Visite guidée vun Den Haag an Scheweningen gemach.
Den zweeten Daag sin sie op den Keukenhof gefuer wou sie Zait haaten a Rou den Park ze entdecken mat hiren villen Fréijorsblummen.
Am spéiden Nomëtteg goung et dun erëm Richtung Lëtzebuerg wou sie am Café Engel zu Menster hiren Weekend bei engem Owesiessen gemittlech ausklëngen geloos hun.