Rallye  Surprise vum 18. Sept. 2022 organiséiert vum Club Fiat 500 Luxembourg

De Club Fiat 500 Luxembourg ass 1997 vun den Hären Silvestri an Belardi gegrënnt ginn. Memberen kënne ginn Amateuren vun Fiat 500 ( Type 110 an dérivéen) bis Baujoer 1975 ageschloss sinn och Giardiniera gebaut bis 1977.

De Club organiséiert all Joer 2 Sortien: eng touristesch Randonnée ( Enn Aprell/ufanks Mai) an een Rallye Surprise géint Enn September.

Dësen 18. September war et erëm esou weit. Vum Autopolis Bartreng huet ët gegëllt op de Fridhaff 9 Diekirch ze fueren mat esou weinech Kilometeren wéi méiglech. No e puer Quizfroen ass et mat dem roadbook weider gaange a Richtung Urspelt, awer net direkt. Véier Monumenter hunn misste fonnt ginn op dem Parcours fléché an 2 Kontrollstatioune waren ze fannen.

No engem gudde Maufel goufen Gewënner bekannt ginn

1. Carlo Meis

2. Claude Weisgerber

3. Régis Nicolas.

Vir d'éischt an op Initiativ vun Autopolis konnten och Fiat 500 E matfueren. Hei de Podium:

1. Stephan Prochet

2. Yvette Kelsen

3. Laurent Biraschi