Generalversammlung vum Veräin „Gudd Noperen“
Den 28.03.2026 huet de Veräin „Gudd Noperen vun Osper Räichel an der Elz asbl“ seng 3. Generalversammlung am Polyvalent zu Osper ofgehalen. D’Versammlung war gutt besicht an huet eng flott Geleeënheet gebueden, fir op dat vergaangent Joer zeréckzekucken.
Am Laf vum Owend huet de Veräin der Gemeng, de Sponsoren an alle Membere villmools Merci gesot fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung. Mat net manner wéi 36 Aktivitéiten am Joer konnt de Veräin eng beandrockend Bilanz virweisen. Zu den Haaptaktivitéite gehéieren ënner anerem d’Buergbrennen, d’Summerfest an de Chili-Owend, déi och déi wichtegst Akommesquellen duerstellen.
De Caissier huet eng propper a korrekt Comptabilitéit presentéiert, déi och vun de Caisserevisore confirméiert gouf. Am Comité gouf et eng kleng Ännerung: De Sam Pletschet ass als neie Member dobäikomm an ersetzt de Marc Stemper, deem de Veräin e grousse Merci fir säin Engagement ausgeschwat huet.
De Buergermeeschter Henri Gerekens huet an senger Usprooch d’Aarbecht vum Veräin gelueft a betount, wéi wichteg esou Initiativen fir d’Liewen am Duerf sinn.
E weidere flotte Moment vum Owend war d’Iwwerreechung vun engem Scheck vun 1000 Euro un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn asbl (ASA). Den Här Klaudio Persuric war mat sengem Hond Saga present an huet erkläert, wéi vill Zäit, Effort a Käschten – ronn 17.500 Euro – néideg sinn, fir en Assistenzhond auszebilden.
Zum Ofschloss vun der Versammlung goufen d’Participanten op e Patt an e puer Häppchen agelueden. De Veräin huet och all de Visiteuren, déi regelméisseg op d’Fester kommen, en häerzleche Merci gesot – ouni si wier dat alles net méiglech.
Dat nächst Evenement, d’traditionellt Summerfest, fënnt den 26. Juli beim Polyvalent zu Osper statt.