Den DT Osper organiséiert fir d'éischt säit 2019 rëm säin traditionellen Theater

Den Dësch-Tennis Osper organiséiert 2022 fir déi éischte Kéier säit 2019 säin Theater zu Osper, dëst de 16., 17. an 18. Dezember 2022 zu Osper am Festsall. Riddo ass um 20h15, AUSSER Sonndës, do ass Riddo um 18h00.


Et gëtt natirlech net am viraus verrooden, wat geschitt. Hei awer e klengen Text-Trailer: 3 Kolleegen hate geduecht, se hätten en einfache Wee fonnt, räich ze ginn.

Leider huet sech dat ganzt als vill méi schwéier erausgestallt wéi geplangt.. Wéi et alt sou oft ass.

Entdeckt hir Aventure a sitt Live dobäi, wann alles aus dem Rudder leeft!


Titel vum Stéck ass "E genial verréckte Coup", ee Stéck vum Martina Röhrich, iwersat vum Roby Zenner.


Plaze reservéiere kennt Dir
um Tel.: 88 81 24 oder
op der Email Adress: anngrei@pt.lu

Méi Infoe fannt dier op dtosper.lu.
Mir wënschen iech vill Spaass mam Stéck!