Concert mam LandesJugendAkkordenOrchester Nordrhein-Westfalen

14
Okt
2025
14 Okt

D'Chorale réunie Rouspert-Uesweller lued op de Konzert vum LandesJugendAkkordenOrchester Nordrhein-Westfalen an, en Dënsdeg, de 14.Oktober 2025 zu Uesweller A Lannen.


En ofwiesslungsräiche Repertoire erwaart Iech. Loosst Iech vun dësem jonken Ensembel begeeschteren, dee fir d'éicht a senger Geschicht Statioun zu Lëtzebuerg mécht.


Um 19h15 zerwéire mir eng "Hierscht Assiette" zum Präis vun 22,50 Euro, déi Dir um 691 209 471 (ab 16h) bis den 10.Oktober 2025 reservéire kënnt. Den Optakt vum musikaleschen Deel ass fir 20h15 virgesinn.