Op de Spuere vum US-Zaldot Elmer C. Richardson

De Steve Richardson aus Indianola am US-Bundesstaat Iowa hat am Dezember 2024 un de Commemoratiounsfeierlichkeiten „80 Joer Battle of the The Bulge“ vun der Gemeng Rouspert Mompech deelgeholl.

Ufank Mee ass den demokratesche Politiker, deen an der Tëschenzäit Buergermeeschter vun der Stad Indianola ginn ass, mat senger Duechter Jennifer zréck op Uesweller komm, fir hir déi Plazen ze weisen, wou hire Grousspapp, de Staff Sergeant Elmer C. Richardson (geb. 3.5.1918 / gest. 19.8.1996), Zaldot vun der L Company, 12th Infantry Regiment, 4th Infantry Division, am Dezember 1944 am Asaz war a wou hie bäi Kampfhandlunge schwéier verwonnt gi war.

De Schäffe Patrick Hierthès an den Erny Kohn, Präsident vum „Cercle d’études sur la Bataille des Ardennes“ (CEBA) hunn si op hirem Erënnerungstour begleet.