Joermaart & Fräizäitpark: do wou den Alldag Kapp steet!

20
Sep
20 Sep

Joermaart & Fräizäitpark: do wou den Alldag

Kapp steet!

2 Konferenzen vun a mat dem Historiker Steve Kayser

Am Peppenger Musée

Musée Rural et Artisanal de Peppange

( 38, rue de Crauthem L-3390 Peppeng )

26. Abrëll & 20. September

vun 19.00 bis 20.30 Auer

Kommt mat op eng Rees hannert d'Kulisse vun zwee ausser- alldeegleche Plazen. Fir déi meescht vun eis ass dëst

och eng Begéinung mat perséinlechen Erënnerungen. Um Beispill vum Europa-Park, mat senger Lëtzebuerger Plaz an der Lëtzebuerger Schueberfouer wäerte mir an zwou Konferenze op d'Geschicht

an d'Welt vun de Fräizäitparken (26.04.) an de Joermäert (20.09.) agoen a gesi wat si matenaner verbënnt.

Ee besonnesche Patrimoine! Fir Schneekereien ass gesuergt!