Ausflug op Maria Laach organiséiert vun de Frënn vum Peppenger Klouschter

Fir den 11. Juli, Fest vum hl. Benedikt vun Nursia, haten d’Frënn vum Klouschter Peppeng op en Ausflug op Maria Laach invitéiert, fir do d’Benediktinerklouschter besichen ze goen. Den Deche Claude Bache huet d’Visite organiséiert a geleet. 25 Leit hunn e flotten Dag zu Maria Laach verbruecht. Moies war eng Mass an der Krypta vun der Klouschterkierch, duerno huet de Grupp um Stonnegebiet vun de Pateren deelgeholl. No engem gudde Mëttegiessen am Restaurant vum „Seehotel“ stoung eng geféiert Visitt vun der Kierch an der Klouschterbibliothéik um Programm mam Brudder Anastasius. Um Enn huet de Brudder Stephan de Grupp duerch säi Konschtatelier gefouert. Éier et erëm heemgoung, haten d’Leit Geleeënheet, an der Klouschterlibrairie an an der Gäertnerei anzekafen an den Dag mat engem Patt am Klouschtercafé auskléngen ze loossen.