Konveniat

2023-07-22 Konveniat 1eD1 / visite du Centre National de Jeux de Quilles dans la rue Pierre Hamer à Pétange / d.g.à dr.: Albert Petesch, Alex Bodry, Pierre Mellina (ancien bourgmestre de la Commune de Pétange), Danielle Wewer-Wirtz, Marie-Anne Stammet-Pelt, Georges Bemtgen, René Thill, René Oestreicher (collection: Georges BEMTGEN)

D'Première D1 1976/77 aus dem Escher Jongelycée huet sech erëmgesinn


Péiteng. Kierzlech hunn sech déi fréier Schüler vun der 1eD1 getraff, déi viru 46 Joer am Juni 1977 am Escher Jongelycée hire Première's-Examen geschriwwen hunn. No enger Visite vum "AUDEO" zu Lamadelaine an dem "Centre National de Jeux de Quilles" zu Péiteng, goung et owes an de Fond de Gras, wou am Restaurant "Bei der Giedel" bei engem gudden Iessen weider Erënnerungen vu fréier ausgetosch goufen.

Weitere Neuigkeiten von Bemtgen Georges >