Konveniat Joergang 1945

Op Initiativ vum Fränz METZ hun sech d'péiténger Frënn vum Joergang 1945 fir e Konveniat e Samschden , 20. September 2025 zu Péiténg getraff. Um Programm stong eng Visite mat Explikatiounen, virgedroen vum fréiere Buergermeeschter Roger KLEIN, iwert d'Geschicht vum Site WAX an dem "ROUDEN HAUS*. Bei engem Èierewäin, offréiert vun der Gemeng Péiténg, gouf dann am Sall "um Späicher" vum WAX e Filmchen gewisen iwer d'Vielfaltegkeeten déi d'Gemeng Péiténg ze bidden huet. Duerno gouf et dann d^Mëttegiessen am Restaurant WAX. Ausklonge gelooss gouf den Dag dann mat nach e puer gemitlecher Stonnen um Site wou di eng oder aner Geschichten ausgetosch goufen.

Op der Foto: REDING-SCHULLER Marguy, KREMER Marie-Jeanne, SPILMAN Léon, PRIM Marie-Julie,THILLMANN Jeanny, METZ Fränz, POLFER Camille, NILLES Raymonde, HEIDT Raymond, FEJEAN Marcel, LABONTE Fernand, ZENNER Robert, PERRARD Jos, CLOOS Marcel, KLEIN Roger