Mam Bus op d'Fouer

Gratis, net genervt vum Verkéier an ouni Problemer fir eng Parkplaz ze fannen, dofir haten sech och dëst Joer nees eng ganz Rei Bierger fir de Fouerbus ageschriwwen. Si goufen op verschidde Plazen an der Gemeng ofgeholl an nom grousse Freedefeier an der Stad och nees heem bruecht. Eng Organisatioun, déi d'Leit begréisst hunn an déi si hoffen, och dat anert Joer nees ugebueden ze kréien.