D'Amicale vun de Seniorie St Joseph vun Péiteng hat déi grouss Freed den 28. Januar der Mme Anna WEINTZEN-WAGNER hiren 90ten Gebuertsdag ze feieren. D’ Me Tina BALDELLI am Numm vun der ganzer Seniorie, den Här Romain MERTZIG am Numm vun der Gemeng an d’ Präsidentin Eugénie DERUME am Numm vun der Amicale hunn der Jubilarin zu hirem Gebuertsdag di allerbescht Gléckwënsch iwwerbruecht. Di vill Blummen a Kaddoen zu dësem schéinen Festdag hunn hir och ganz vill Freed gemaach. Duerno ass zesummen mat der Famill ugestouss ginn an jiddereen huet sech e Stéck vum Gebuertsdagskuch ganz gutt schmaache gelooss.