D'Amicale vun de Seniorie St Joseph vun Péiteng hat déi grouss Freed den 4. Abrëll der Mme Maria DE SOUSA E SILVA hiren 95ten Gebuertsdag ze feieren. Den Direkter Laurent Origer am Numm vun der ganzer Seniorie an d’ Präsidentin Eugénie DERUME am Numm vun der Amicale hunn der Jubilarin zu hirem Gebuertsdag di allerbescht Gléckwënsch iwwerbruecht. Di vill Blummen a Kaddoen zu dësem schéinen Festdag hunn hir och ganz vill Freed gemaach. Duerno ass zesummen mat der Famill ugestouss ginn an jiddereen huet sech e Stéck vum Gebuertsdagskuch ganz gutt schmaache gelooss.