Viru Kuerzem huet de Roger Ehleringer seng 95 Joer gefeiert. Hie gouf de 26. Mäerz 1928 zu Nidderkäerjeng gebuer, wou hie bis d’lescht Joer och nach gewunnt huet. Scho fréi ass hien op d’Schmelz op Rodange schaffe gaangen an dat bis zu senger Pensioun am Joer 1985. De 14. Mee 1954 huet de Roger sech mam Maggy Barth aus der Stad bestuet. Hir 3 Kanner Jeannot, Sanny a Patrick, hir 2 Enkelkanner Jean-Marie a Claude an hir Urenkelin Amy halen déi zwee och nach haut fit. Gefeiert gouf am Péitenger Fleegeheem, zesumme mat hirer Famill.