Léiwe Kleeschen, gudden Kleeschen, gëff ons Konsum anplatz Advent!

Leider hot den Charme an de Sënn vun Niklosdag an Chrëschtdag, durch eis Konsumgesellschaft stark gelidden.

Wat nach just zielt as de Konsum, an just den gët nach haut ugebied, an eise villen Konsumtempelen (eis nei Kierchen) och op eise Chrëschtmärt, oder besser gesot Wantermärt, wëll den neie Numm get dem Zweck opmanst méi gerecht.

Am Fong geholl traureg, dass eis gud aal chrëschtlech Gebräicher nach just als Virwand geholl gin, fir Frick ze man.

De Konsum as weder Niklosdag nach Chrëschtdag!

Das as eppes ganz Aneschtes, an wien keng Antennen méi fir den Advent hot, den versteet meng Botschaft hei och nët!

Pol Sassel