Karfreideg ass den traditionnellen Fëschverkaaf zu Prëtten


D'Prettener Buergfrënn invitéieren Karfreides, den 6. Abrëll 2012, Mëttes op e gudde gebaakene Fësch.
Zu Pretten an der Hal kennt Dir är Fësch ofhuelen oder bei engem gudde Pättchen genéissen. Duerno gëtt et och Kaffi an Taart.
Op Wonsch kritt Dir d'Fësch och heem geliwwert ( 9-10 Auer)
Aus organisatorische Grënn kann nëmmen eng begrenzten Zuel vu Fësch ugebueden ginn.
Duerfir bestellt är Fësch am viraus iwwert Telefon:
Hoffmann Tilly Tel: 33 14 70
Dostert Jean Tel: 621 723 595
Leschten Délai fir Commanden opzegin ass Méindes den 2. Abrëll 2012.
Déi éischt Fësch sinn géint 9 Auer färdeg.