Adventsfënster 2025 an der Gemeng Pëtschent

Och 2025 huet d‘Kulturkommissioun nees den Opruff gemaach fir eng

Adventsfënster ze organiséieren.

12 Famillen, Clibb an Associatiounen hu mat gemaach a sou konnte mer vill flott Fënsteren an Dekoratioune bewonneren.

Mir haten e Spendenopruff dobäi gemaach fir eis lokal Beienziichter am Kampf géint di asiatesch Runn ze ënnerstëtzen.

Iwwer 2.000 Euro sinn hei zesumme komm an am Kader vun enger Informatiounsversammlung iwwert des Runn konnte mer dunn am Numm vun der Kulturkommissioun an den Awunner vun der Gemeng Pëtschent dëse Check un Beievereiner aus dem Kanton Klierf a Veianen iwwerreechen.

En decke Merci un all Leit di mat gemaach hu bei der Fënster a fir déi vill generéis Spenden.

Mir gesinn eis hoffentlech all 2026 rëm.