Den Zenterchef Albert Schaul huet sai Posten viru ginn

Abschiedsfeier no 25 Joer Kommandant zu Weller-Pëtschent

Weller-Pëtschent: Den 1. Mee 2019 huet de laangjährege Kommandant an Zenterchef Albert Schaul op eegene Wonsch sai Posten un der Luc Bertemens viru ginn.

Am Cader vun enger klenger sympatescher Feier gouf den Albert Schaul Ufank Juli fier sai jorelaangt Engagement adéquat geéiert.

Nodeems sai Nofolger um Posten als Zenterchef vum CIS Weller-Petschent Luc Bertemens d’Inviteeën begréisst hat wor et den Chef de Zone adjoint Charles Zanter deen ee Réckbléck op dem Albert sai Pomjeeswierken gemaach huet an him fier sain Engagement Merci gesot huet.

Den Albert ass 1972 am Alter vu 16 Joer an d’Pompjeeën Weller-Pëtschent komm. 1982 ass hien an de Comité vum Corps gewiehlt ginn an huet d’Charge als Gerätewart ugeholl. Spéider wor heen nach Jugendleiter adj an Jugendleiter iert hien 1989 Ennerkommandant an 1993 Kommandant ginn ass. Dee Posten huet hien bis den 1. Mee 2019, also 25 Joer laang, ausgefouert an huet et während der Zeit verstanen, Jonk an Al zesummen ze féieren an emmer erem ze motivéieren. Mee och ausserhalb vum Corps wor den Albert aktiv.1989 ass den Albert an de Kantonalcomité Veianen komm, gouf Kantonaljugendleiter an och Member am nationalen Jugendausschuss. Spéider huet heen den Kantonalcaissier iwwerholl a wor och dee läschten Präsident vum Kantonalcomité Veianen, iert deen an d’Régioun Norden agegliddert gouf.

Als nächste Riedner wor et um Nofolger, dem Luc Bertemes. Fier dem Albert Merci ze soen krut hien ee Bong fier eng Rees an een Errennerungsbild vum Pompjeescorps iwwerreegt. Mat engem Bouquet krut och dem Albert seng Fra Merci gesot fier déi vill Ennerstetzung un den Albert während der Zeit.

Den Tour wor dunn um Albert selwer. An enger bewegender Ried ass hien op die 25 Joer agaang, huet d'Héichten an Déiften vum Corps nach eng Kéier erwähnt an huet all sengen Pompjeeskolleegen ee ganz groussen Merci ausgeschwaat fier die läscht 25 Joer wou hien de Corps geleet huet. Och senger Famille, senger Fra an sengen Kanner huet hien Merci gesoot fier hiert Verständnis, dass hien net emmer esou do wor wéi sie et gären gesinn hätten an huet senger Fra ee schéinen Bouquet Blummen iwerreecht. Hien huet och zougesechert dem CIS weiderhinn als normalen Member erhalen ze bleiwen a sech aktiv em d’Amicale ze bekemmeren.

Als läschten Riedner huet de Buergermeeschter Roger Zanter am Numm vun der Gemeng dem Albert och en groussen Merci ausgeschwaat fier sai jorelaangt Engagement fier d’Leit aus der Gemeng Pëtschent an der Emgéigend.

Während der Ried gouf et beemol puer häfteg Knupperten an de Piepsert ass gaang. Ouni kleng Iwwerraschung koum den Albert nämlech net dovunner a sou huet hannert dem Pompjeegebai ee Micro-Haus gebrannt an den Albert huet nach missen ee läschten Asatz leeden. Seng Equipe ass op den Asatz gelaf an dunn koum déi eigentlech Iwwerraschung: als Asatzwon koum vu Weitem den Opel Blitz ugefuer, den TSF deen de Corps vun 1968 bis 2000 a Betrieb hat an deen seitdeem zu Colmar an der Hal steet. Vill Erennerungen hänken un deem Auto sou datt een dem Albert d’Freed iwwert déi Iwwerraschung konnt ugesinn. D’Feier wor séi enner Kontroll a geläscht an den Owend gouf mat engem gemeinsamen Festiessen bis spéit an den Owend ofgeschloss.

Ee spezielle Merci geet un de Raymond Brausch deen d’Iwwerraschung mam Opel Blitz méigeleg gemaach huet an während der Feier vill schéin Fotoen gemaach huet.