Nuechtmanescht am Dag

Nachtmanderscheid (luxemburgisch: Nuechtmanescht) ist eine Ortschaft in der Gemeinde Pütscheid, Kanton Vianden, im Großherzogtum Luxemburg.

Et läit op engem Plateau, knapps 2 km westlech vum Staubaseng vum Niklosbierg, an ëstlech vum Dall vun der Stol, enger Niewebaach vun der Blees. Un d'Stroossennetz ass Nuechtmanechscht iwwer den CR353, am Stol-Dall, an den CR322, am Osten, ugebonnen.

D'Kapell, d'Schoul, déi al Molkerei an eng grouss Lann déi all niewentenee stinn, sinn zënter 1990 (d'Lann) an 2011/12 (d'Gebaier) als national Monumenter klasséiert.

Méchelskapell vun Nuechtmanescht

D'Kapell vun Nuechtmanescht ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zentral am Duerf an der Strooss Am Duerf. Nieft der Kapell steet déi fréier Schoul an déi fréier Molkerei. Déi dräi Gebaier sinn uneneen ugebaut.

Zur fréierer Par Mierschent gehéieren ausser der Kapell vun Nuechtmanescht och nach d'Parkierch vu Mierschent, d'Filialkierch vu Grooljen an d'Kapell vu Weiler.

Zanter dem 13. Abrëll 2012 ass d'Kapell als nationaalt Monument klasséiert.