Gitt Funkamateur: Start elo mat dem BASE-Zertifikat!

24
Mär
24 Mär

Radioamateurs du Luxembourg (RL).

www.hamradio.lu


Gitt Funkamateur: Start elo mat dem BASE-Zertifikat!

​Hutt Dir Iech schonn ëmmer gefrot, wéi een iwwer Funk mat der ganzer Welt kommunizéiere kann? Elo ass de Moment fir lasszeleeën!
​D'Radioamateurs du Luxembourg (RL) organiséieren eng komplett Formatioun fir Iech op den offiziellen ILR-Examen den 2. Juni virzebereeden.

​De Programm
​D'Coursë fannen am Owend statt vun 19h00 bis 21h00, fir datt Dir optimal preparéiert sidd:
24. ​Mäerz
​14., 21. & 28. Abrëll
5. ​& 19. Mee

​Sprooch a Plaz
​Sprooch: D'Coursë ginn op Lëtzebuergesch gehalen
​Am Home FNEL zu Zens (Cents).

​Umeldung & Virdeeler
​Präis: 50 €
​Inklusiv: De komplette Cours + d'Memberschaft beim RL!

​Dir hutt méi grouss Pläng (HAREC)?
​Wann Dir aner Zertifikater wéi den HAREC ustriewt, bitt de RL och Coursen op Mooss un, déi op Är Besoinen ugepasst sinn.
​Interesséiert? Dann mellt Iech séier un fir Är Plaz ze reservéieren!
Exam@rl.lu