Viru Kuerzem hu sech d‘Schülerinnen an d‘Schüler vun de Joergäng 1955 bis 1960 aus der Primärschoul vu Rammerich fir en 1. Konveniat am Restaurant „Bauschelter Stuff“ getraff. Bei engem ausgezeechenten Iessen a gudder Stëmmung hunn net manner wei 21 fréier Klassenkolleginnen - a Kollegen hir Erënnerungen un d‘Schoulzäit zu Rammerich ausgetosch a fréier Geschichten a Spiichten erëm opgefrëscht. Muncher haten sech jo laang Zäit net méi erëmgesinn a waren frou eppes Neits ee vun deem aneren ze héieren. Esou ass ee flotten Nomëtteg eigentlech vill ze schnell eriwwergaang, an domat steet engem Treffen an deenen nächste Joren och näischt am Wee.