Chèqueiwwerreechung Fondation Kim Kirchen

E Mëttwoch den 5. Oktober 2011 huet de Veräin "Eng Kéier Rameldanger, ëmmer Rameldanger" e Chèque vun 2000 EUR un d'Fondation Kim Kirchen iwwerreecht.

Des Somme ass de Bénéfice deen op dem Fest *Rameldang on Fire" den 14. August 2011 zesumme komm ass. Mat 450 Leit, war dëst Duerffest e riesen Erfolleg.

De Veräin huet als offizielle Grënnungsdag de 14. Februar 2011 wou folgend Ziler festgehal goufen: De Veräin well fréier an aktuell Awunner vu Rameldang zesumme bréngen, Fester zu Rameldang organiséieren a sou zum Gemengeliewen vun der Gemeng Nidderaanwen bäidroen, sech sou gutt wei méiglech fir d'Interessen vun den Awunner vu Ramledang asetzen.

E weidere Punkt an de Statute gesäit fir, all méiglechen Bénéfice un e lokalt oder nationalt gutt Wierk ze spenden.

De Veräin zielt no e puer Méint schon iwwer 80 Supporteren a mir si frou datt mir am Joer vum Bénévolat duerch sou e grousst Fest eisen eischte Bäitrag zu der Gesellschaft konnte bäidroen.

Merci jidderengem fir déi immens Ennerstëtzung!

Rameldang on Fire 2012 gëtt scho geplangt...

Weitere Neuigkeiten von Fréd Ternes >