Kadoen a Rousen fir 22 Home- Bewunner am HPPA- Réiden/Atert


Réiden/Atert: Am Kader vun der éischter gemeinsamer Geburtsdagsfeier fir dest Joer am Home pour personnes agées St. Joseph zu Réiden/Atert hun nit manner wi 22 Home- Bewunner, déi an de Méint Dezember, Januar a Februar engt neit Liewensjoer konnten ufänken, den 21. Mäerz, geéiert gin. No der traditioneller Gruppefoto, war et um Personal mat hirem Direkter Dany Oestreicher, fir allen Jubilaren haerzlich am Numm vum Haus zum Gebuertsdag ze gratuléieren an hinnen als Unerkennung eng Rous an e klenge Kado duerfen ze iwerrreechen. Natirlich konnten d’Familien vun denen jeweiligen Jubilaren och zesummen e schéinen Nommëtteg verbrëngen, wou den Entertainer Willy mat senger flotter Danzmusik fir excellent Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. Wéi dat sech bei esou engem Fest och gehéiert, ass bei engem Glass Crémant, engem gut gefëllten Teller an engem Stéck vum Geburtsdagskuch, a gudder Gesellschaft och richtig flott gefeiert gin. D’Jubilaren vum Mount Dezember: Brigitte Feyen-Scharle (65 Joer); Maria Lucienne Binsfeld- Peiffer (85), Sophie Arens- Fischbach (93), Jean Meis (85), Aloyse Theischen (92), Gaston Wald (86), Aline Colas- Kieffer (78), Emile Peller (94), Lucie Bechthold-Wohl (95) an Viviane Schiltz (65). Mount Januar; Marie- Josée Bissen (70), Angèle Karger- Thein (86), Pierette Mersch- Rach (91), Joseph Pletschette (91), Maria Rauch- Wallisch (80) an Roger Fischer (91). Mount: Februar: Clemy Salentiny- Wirth (90), Sr. Benedikta (80), Elise Clesen -Theisen (92), Léonie Schoder- Tintinger (93), Resy Reisen (85) an Maria Brack- Muller (87). (CR) (Foto: Charles Reiser