Laftreff am Wëlle Westen

Säit dem Februar 2023 gëtt et een neie Laftreff am Kanton Réiden, de „LAWW“. Bei all Wieder gëtt gelaf, an niewent der Beweegung steet virun allem eppes am Vierdergrond: de Spaass an eng gudd Stëmmung! Eng ronn 15 motivéiert Bierger aus dem Kanton hu sech bis elo ëmmer reegelméisseg getraff fir zesummen ze lafen.

Treffpunkt ass ëmmer Dënschdegs owes zu Réiden, beim Restaurant „New Relais Postal“, Start ass ëmmer pünktlech um 18:45 Auer. Et ginn ëmmer 5-10 Kilometer gelaf, ideal fir Ufänger an och Amateure vum Lafsport. Den Treffpunkt an d‘Lafstrecke wäerten an Zukunft och ausgeweit ginn op déi aner Gemengen am Kanton. Et gi schliisslech vill schéi Weeër an eisem Wëlle Westen ze entdecken!

Dofir zéck nit a mell dech wanns du Loscht hues mat lafen ze goen fir méi Informatiounen ze kréien:

• Email: lafenamwellewesten@gmail.com,

• Telefonsnummer: 691 29 05 91,

• oder och ze fannen op Facebook an Instragram: LAWW-Lafen am Wëlle Westen