Resie Reisen zum 85. Gebuertsdag gratuléiert

Resie Reisen zum 85. Gebuertsdag gratuléiert

Réiden/Atert: Den 27. Februar 1939 huet d’Resie Reisen vu Réiden/Atert d’Liicht vun der Welt als di zweet Duechter vum Guillaume Reisen an Cécile Schammo zu Réiden/Atert erblëckt. Hire Papp war Chauffeur beim Notär Félix Bian an duerno Elektrikermeeschter, Erbauer a Betréiwer vum Kino „ Cinéma de l’Attert“ an dat vun 1948 bis 1979. Op Ouschterméindig 1962 ass Hochzäit gefeiert gin mam Elektrikermeeschter, Léon Wiltzius vu Biekerech. Aus hirem Bestiednis sin hir béid Duechteren Maryse (1963) an Nadine (1964) erviergaangen. No dem fréieren Doud vum Léon Wiltzius am November 1976 huet d’Resie de Betriib zu Réiden och nach weidergefuert. No hirer zweeter Hochzäit mam Erny Schaack vu Ruedt hun si sech op Ubaukichen spezialiséiert. Hir Bouw Paul (1978) huet d’Familiegléck perfekt gemeet. Mat grousser Zefriddenheet kuckt d’Jubilarin haut op fënnef Enkel- an op een Urenkelkand. Säit dem 9. September 2022 verbrëngt d‘Resie glécklich Deeg am Réidener Altersheem a Gesellschaft mat hirer Schwëster Andrée an hirem Schwoer Jengi. Am Kader vun enger symphatischer Feierstonn huet den Home-Direkter Dany Oestreicher mat der Iwerreechung vu schéine Blummen di bäschte Gléckwënsch vum Haus un d’Jubilarin iwerbruecht an huet och seng Satisfactioun ausgedrëckt, dat d’Resie sech am Réidener Atersheem och ganz wuel fillt. Duerno war et um Schäffen Jeff Lisarelli a Presenz vu Memberen vum Gemengerot, den sech deene Wierder am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert och gaeren ugeschloss huet an als Unerkennung eng schéin Blummecorbeille konnt iwerreechen. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin an op weider gesond an zefridden Liewensjoeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)