Schéine Geste vum Gaart an Heem Réiden/Atert


Réiden/Atert: Am Kader vun hirer Mammefeier huet de Gaart an Heem Réiden/Atert e Scheck iwert 3 000 Euro iwerreecht. Wi de President Raymond Schlim ugaangs erklärt huet, ass dess Spend en Deel vum Erléis vun hiren Aktivitéiten vum laafende Joer. Mat engem oprichtige Merci huet Karin Klein- Magar, Member vum Komitee vun der Vereenegung „Blëtz“ dese Scheck entgéint geholl an erklärt, dat dess Suen agesaat gin, fir Betraffener a Familljemembere vun enhem Hiereschlag zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. Am Numm vun der Gemeng, huet d'Konseillère Jeanny Welfring dese Geste vum Réidener Gaardeveräin besonnesch erviergehuewen.(CR) (Foto: Charles Reiser)