All "Dreams-do-not-burn"- Timber hëlleft dem Ukrainesche Roude Kräiz

All "Dreams-do-not-burn"- Timber

hëlleft dem Ukrainesche Roude Kräiz

De 24. Februar 2022 huet di russesch Aggressioun géint eis ukrainesch Noperen ugefaangen a geschwë sinn et schonn 2 Joren, wou dëse bluddegen a brutale Krich ouni Aussiicht op Fridde fir d' Ukrain weidergeet.


Zënter Mee 2022 konnt ech duerch de Verkaf vu mengen "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimberen ëmmer nees wichteg an immens honoréiert Spenden un d' Ukrainesch Rout Kräiz sammelen a si direkt op Kiew iwwerweisen, wat aleng am Joer 2023 eng Zomm vu méi wéi 3000 € erméiglecht huet:


Vill Privatstéit, kléng a gréisser Betriber, eng Rëtsch vu Gemengen an och di eng oder aner gréisser Associatioun an Entreprise hunn duerch hiert d'sozial Engagement Honnerte vu menge "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimbere bestallt a weisen duerch hiren Asaz hier Verbonnenheet zu eisen ukraineschen Noperen an dem Ukrainesche Roude Kräiz zu Kiew, dem seng Volontairen all Dag hiert d'Liewe riskéieren, fir hire Léit an all kléng Duerf awer och an de grousse Stied ze hëllefen, mat de schlëmmste Konsequenze vun dësem Krich besonnesch och géint d' Zivilbevëlkerung eenegermoossen iwwert d' Ronne ze kommen.


Verkaaft net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee entretemps och bis an Australien, ganz Europa an virun allem och an d' Ukrain selwer, sinn d' "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimberen eng ganz unique Aart a Weis, sech mat eisen ukrainesche Nopere solidaresch ze weisen an hinne mat all eenzel Timber kënnen direkt Hëllef ze offréieren.

Wann och Dir eis ukrainesch Noperen an dëse schlëmmen Zäiten, ouni vill Aussiicht op eng besser Zukunft a ganz ville Onsécherheete fir si an hier Famillen a Frënn, duerch e kléngen oder gären och duerch e gréissere Geste ënnerstëtze wëllt, da kënnt Dir gären och elo vu mengen "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimbere bestellen a si fir Är privat oder professionell Zwecker benotzen - a mat all Timber weisen, dass och Dir eis ukrainesch Noperen net am Stach loosst - all Timber zielt, all Don geet ouni Perte op Kiew a gëtt vun hinnen duerno och offiziell vum Ukrainesche Roude Kräiz konfirméiert.


"Dreams do not burn" - Dreem verbrennen net : kommt an hëlleft all zesummen, dass der Ukrain hier Dreem op eng besser a virun allem friddlech Zukunft net ënnerginn ënnert de russesche Granaten, Dronen a Rakéiten - an dass eis ukrainesch Nopere geschwënn och nees ee Liewe kënne féieren, wie mir et och gären all Dag erliewen.


All Info'e fir kënne vu mengen "Dreams-do-not-burn"-Spezialtimberen ze bestellen, fannt Dir hei a mengem Info-Flyer oder op mywort.lu : https://www.mywort.lu/de/mywort/reisdorf/news/2-ausgabe-der-dreams-do-not-burn-briefmarken-in-memoriam-an-an-225-mriya-63fb0490de135b92361cd3b0


Frank Hilkhuijsen

________________________________________


@ : dreams-do-not-burn@outlook.com