D' Reisdrëfer Musek asbl. hält no 11 Joren op a seet Iech all villmools Merci !

D' Reisdrëfer Musek a.s.b.l. hält no 11 Joren op - a seet senge Musikanten an Ënnerstëtzer Merci !


De 27. Mäerz hat d'Reisdrëfer Musek a.s.b.l. op hier 11. Generalversammlung gelueden, fir d' Joren 2022 an 2023 ofzeschléissen an d' Assemblée générale iwwert d'aktuell Situatioun vum lokale Museksveräin ze informéieren.


A Präsenz vum Här André Heinen, Präsident vun der UGDA, dem Här Jean-Pierre Schiltz, Buergermeeschter vu Reisduerf, an der 1. Schäffin, Madame Anouk Hientgen, huet de Kommitee vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. virun engem leider nëmme ganz klénge Public seng Aktivitéitsberichter fir d' Joren 2022 an 2023 präsentéiert, a krut fir seng Keeseberichter betreffend dës 2 Joren d' Entlaaschtung vun de Memberen ausgesprach.
Duerno ass et ëm d' Demissioune vun der Madam Sonja Muller an vun der Madam Liz Weber-Scholtes gaangen - béid waren zënter der Grënnung vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. am Kommitee engagéiert, woubäi d' Sonja Muller och de Sekretär-Posten assuréiert hat an doriwwer eraus och als Représentante locale bei der UGDA engagéiert war, wann et drëms gaangen ass, d' Gemeng a Musekssaachen organisatoresch vis-à-vis vun der UGDA ze vertrieden. Mat villen Emotioune verbonnen, kruten si vum Präsident am Numm vum ganze Kommitee ee ganz häerzleche Merci ausgeschwat, zesumme mat engem klenge Kaddo a ganz groussem Applaus vun der ganzer Assemblée générale.

Ier et dunn um Präsident Frank Hilkhuijsen war, fir der Assemblée générale e Rapport iwwert di aktuell Situatioun vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. ze ginn, hunn all Léit am Sall eng immens detailléiert an emotionell Retro-Perspektiv iwwert di musikalesch a kulturell Aktivitéite vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. däerfe genéissen, di mat vill Opwand vun der demissionärer Sekretärin Sonja Muller zesummegestallt gouf.


Den Iwwergang zum leschte Kapitel vun dëser 11. Generalversammlung war domatten gemaach, wou et drëms goung, der Assemblée générale ze erklären, wou d' Reisdrëfer Musek no 11 Joren elo steet a wéi et weidergoe soll.

Dem Präsident ass et manifestement net einfach gefall, d'Ursaachen an d'Auswierkunge fir di aktuell Situatioun vum lokale Museksveräin méi kléng a méi schéin ze schwätzen, wéi d'Realitéit sech awer vis-à-vis vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. imposéiert a leider keng realistesch Hoffnung op eng weider musikalesch Aktivitéit zouléisst :

ëmmer manner aktiv Musikanten, keen neien (3.) Dirigent, eng Rei Decisiounen um Niveau vun der Gemeng an awer och der UGDA selwer, di et besonnesch enger klénger Duerfmusek net méi einfach gemaach haten, fir nei Memberen an nei Geleeënheeten ze kréien, sech ze präsentéieren...hunn am Zesummespill dofir gesuergt, dass de Kommitee vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. du schwéieren Häerzens d'Decisioun geholl huet, der Assemblée générale di fräiwëlleg Liquidatioun a Dissolutioun vum Museksveräin virzeschloen.

Ugeholl mat de Stëmme vum ganze Kommitee an den Ënnerschrëfte vun all de Memberen an dëser 11. Assemblée générale, wäerten am Kader vun enger leschter Assemblée générale extraordinaire di néideg Liquidateure genannt ginn, fir d'Liquidatioun an Dissolutioun vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. nach virun der Summervakanz propper ofzewéckelen.


De Kommitee vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. seet all senge Musikanten, di eis kléng awer motivéiert Musek iwwert all di Jore mat vill Häerz an Engagement ënnerstëtzt hunn, awer och sengen Dirigente Jeff Mack, Sandro Bucciarelli an och dem Sonja Muller, wat dacks a gären als Ersatz agesprongen ass, wa keen Dirigent op der Plaz war, ee ganz grousse Merci fir hier onersetzlech Kontributioun.

Zesumme mat engem zouverlässege Kommitee, deen ëmmer do war, wann e gebraucht gouf, a villen Ënnerstëtzer an eiser Gemeng, konnt d'Reisdrëfer Musek a.s.b.l. als UGDA-Membersveräin vill flott Optrëtter an doriwwer eraus och vill jonke Kanner an eisen Dierfer méi Freed um Musekspillen ubidden.


Dat waren eis Missioune, an déi hu mir och bis op di lescht Prouf mat Häerz an Iwwerzeegung erfëllt - mir soen Iech all villmools Merci an Äddi.



Frank Hilkhuijsen

Präsident vun der Reisdrëfer Musek a.s.b.l.