"DREAMS DO NOT BURN" - Timber fir d' Ukrainesch Rout Kräiz geet an d'Welt eraus

"DREAMS DO NOT BURN" - Timber fir d' Ukrainesch Rout Kräiz geet an d'Welt eraus

Zënter hierer Publikatioun den 15.Mee ass die speziell a limitéiert "Dreams-do-not-burn"-Timber am Asaz fir méiglëchst vill Spenden zesummen ze kréien, fir d' Ukraine an hierem alldeeglëche Iwwerliewenskampf ze ënnerstëtzen, wou ganz besonnesch d' Zivilbevölkerung onmosseg Affer ze erdroen hunn.

All Benefice aus der Vente vu dësen Spende-Timberen geet un d' Ukrainesch Rout Kräiz, déi hieren Ukraine Emergence Appeal ( https://redcross.org.ua/ ) weltwäit lancéiert hunn, fir besonnesch och aus dem Ausland zousätzlech finanziell Moyens kréie ze kënnen.


Well dës "Dreams-do-not-burn"-Timberen och weiderhin nach kënne bestallt ginn, hunn sech an de leschte Méint aus de verschiddenst Länner Léit dofir interesséiert an sie soguer op diverse Timbers-Boursen a Sammlergruppen promovéiert,

wéi beispillsweis hei : https://www.ukraine-war-in-philately.eu/images/stamps.html#ww_stamps_personalized

oder hei : https://www.facebook.com/groups/371047491826228/permalink/381621857435458/


D' "Dreams-do-not-burn"-Timber ass entretemps op ville Plaazen an der Welt bekannt ginn, Bestellungen bis an Irland, Spuenien, Frankräich, Däitschland a soguer bis an d' Ukraine selwer sinn kee Eenzelfall - natiirlëch hunn dës limitéiert Timberen och heiheem vill Léit schonns bestallt, a benotze se och elo nach fir hier Facturen, Invitatioune oder perséinlëch Bréiwer.


Wann och DIr nach vun den "Dreams-do-not-burn"-Timberen bestelle wëllt, zéckt net fir Är Commande ze maachen, well den Stock ass baal eidel an et wäert keng weider Oplag dovunner ginn.

All Detailer fir ze bestellen fënnt Dir ënnert : https://www.wort.lu/de/mywort/reisdorf/news/dreams-do-not-burn-briefmarken-fuer-ukraine-emergency-appeal-ukrainian-red-cross-62d86107de135b9236777f2a


DREAMS-DO-NOT-BURN - fir d' Ukraine vill méi wie nëmmen een einfache Slogan, e Stéck alldeeglëch Iwwerliewensphilosophie - och Dir kënnt dozou beidroen an d' Ukrainësch Rout Kräiz ënnerstëtzen - mat dësen limitéiert Spezialtimberen (mat oder ouni Supplément vun 0.20€ -Timberen - sot einfach bei Ärer Bestellung Bescheed).


Frank Hilkhuijsen