Ee ganzen Dag bei de Jugendpompjeeën vu Reisduerf : 24-Stonnen-Übung

Ee ganzen Dag bei de Jugendpompjeeën

vu Reisduerf : 24-Stonnen-Übung

(Romain BACHE vum CIS Reisduerf)


Enn leecht Joer war soweit wéi ëm 14h00 Jugendpompjeeën vun de Corpsen Beefort, Konsdref a Reisduerf mat hiren Moniteuren virum Pompjeesbau zu Reisduerf stoungen. Dat waren ongeféier 50 Leit !

Jugendleiter vun Reisduerf haten eng 24 Stonnen Übung organiséiert.


No der Begréissung an Aweisung vum Jugendleeder Romain Bache a sengem Adj. dem Mike Wagner hunn di Jugendlech an hir Betreier hir Feldbetter an der Sportshal opgeriicht di Gemeng hinnen zu Verfügung gestalt hunn. Dono sinn di Jugendlech an 3 Gruppen agedeelt ginn an du goung et och schonn's direkt mat enger Übung lass.

Di éischt Grupp huet mat TLF un der Sauer ugesaugt, an en Ugrëff mat B an C Schläich gemaach di aner Grupp ass de Bësch geruff ginn vir no 2 vermëssten Persounen ze sichen.

Di drëtt Grupp ass mat "Otemschutz" an Funk an een däischteren Keller geschéckt ginn vir do no vermëssten Persounen se sichen.


Di dréi Gruppen hunn dunn all Atelier gewiesselt bis jiddereen all Übung gemaach huet. Géint 18h00 ass et dunn Nuechtiessen am Pompjeesbau ginn. Di Beeforter Kollegen haten ee Scheierbrand simuléiert den och ënnert "Otemschutz" huet missen gelächt ginn. Di aner Gruppen hunn du verschidde Spiller gemaach. Och do huet all Grupp di verschidden Atelieren gemaach.

Géint 22h00 ass dunn nach ee Film gewissen gi an verschidden Elteren haten nach Kichelcher vir Kanner gebak di si dunn nach konnten iessen.

No enger ganz kuerzer Nuecht wou praktesch kee geschlof huet goufen di eicht ëm 6h30 aus dem Bett geruff wéi et geheescht huet et wier een Autosaccident mat 2 Gefierer wou eng Persoun huet mit erausgeholl ginn an de Brandschutz missten opgeriicht ginn. De Kaffi gouf dunn an 2 Etappen gedronk. Di eng Grupp huet hir Spiller fäerdegmaache an di aner hunn bei engem klenge Rallye duerch de Bësch Froen ze beäntwerte kritt.

Di Konsdrefer Kolleg hunn hiren Fireträner matbruecht vu di Jugendlech en Ëmgang mat Feierläscher gewissen kruten.

Ëm 12 Auer ass de Grill ugehät an d'ass zu Mëtteg giess ginn. Nom iessen ass geraumt ginn an Kanner sinn mat hiren Betreier heem gefuer.No engem flotten Weekend hunn di Responsabel vun deenen aneren Corpsen gemengt dat kéint een widderhuelen.


Ech well hei am Numm vum CIS Reisduerf all deenen Merci soen dozou bäigedroen hunn dass di flott 24 Stonne Übung ee groussen Succès war.


Romain BACHE vum CIS Reisduerf

https://cisreisdorf.jimdo.com/jugend

https://cisreisdorf.jimdo.com


Email: jugend@cisreisdorf.lu




(publizéiert vun : Frank Hilkhuijsen)