Kierch vun Reisduerf

Reisdorf (luxemburgisch Reisduerf) ist eine Gemeinde im Großherzogtum Luxemburg und gehört zum Kanton Diekirch.

D'Kierch zu Reisduerf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Reisduerf gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Baartelméis, deem säi Fest de 24. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am südlechen Deel vu Reisduerf op der Place de l'Église, déi an der rue de Larochette, dem CR358, läit.

Zur fréierer Par Reisduerf hunn ausser der Parkierch vu Reisduerf och nach d'Filialkierch vu Bigelbaach, d'Antoniuskapell vu Reisduerf an d'Nikloskapell zu Héischdref gehéiert.