Reisdrëfer Musek a.s.b.l. on tour : Hämmelsmarsch fir d' Kiirmes zu Héisdrëf

Reisdrëfer Musek a.s.b.l. on tour :

Hämmelsmarsch fir d' Kiirmes zu Héisdrëf


Dëse Weekend ass nees Kiirmes zu Héisdrëf, an d'Reisdrëfer Musek wor och hei nees op der Plaaz, fir an de klénge Stroossen vun dëser flotter Uertschaft de traditionnelle Hämmelsmarsch ze spillen.


Trotz schlechtem Wierder ass die jonk Equipe mat vill gudder Musek vu sëlleg Léit ganz häerzlech empfaange ginn - villmools Merci un all déi, die eis sur Place mat hieren Dons esou génereis ënnerstëtzt hunn.


Ween mir verpasst hunn, kann eis mat engem klénge Don op eise Kont LU18 1111 7020 1728 0000 och elo nach erreechen.


Frank Hilkhuijsen

Reisdrëfer Musek a.s.b.l.