Promotioun 1957 vun der Normalschoul

Et sinn ewell 65 Joer hier dass 28 jonk Männer aus der "Classe de l'élève invisible Flammang" an der Normalschoul hiren Ofschlossexame gemaach hu fir Schoulmeeschter ze ginn. Leider si 15 Kolleegen net méi ënner ons. Mir hunn ons zu 9 fir de Conveniat vun desem Joer am Haff Réimech getraff, wou mer am Chalet bei engem gudde Maufel Erënnerungen ausgetosch hunn, ons iwwert d'Welt vun haut ënnerhalen hunn an am Witz déi positiv Säite vum Alginn ervir gehuewen hunn. Nom Dessert si mer bis an d'Duerf getrëppelt fir ons d'Fondatioun Valentiny unzekucken.


Roger Folmer

Bäreldeng