100 Joar Gaart an Heem Réimech
um weitere Bilder zu sehen.
100 Joer Gaart an Heem Réimech .. dat sinn 3 Generatioune vun engagéierte Gardefrënn a Gardefrëndinnen, 3 Generatioune vu Léit aus deenen ënnerschiddlechste Beruffer déi zesumme geschaaft hunn, Ausflich organiséiert, Mammendagsfeieren op Bee gestallt hunn… déi de Veräin duerch hiren Asaz an hir Memberschaft um Liewe gehalen hunn.
1926 … 2026 …1 Veräi mat 3 Grënnungen
Kommt mir kucken eemol zréck op 1926.
Deemools hunn engagéiert Léit eise Veräin eng éischte Kéier gegrënnt. D’Zäite waren net einfach … d’Liewe war haart a vill Saachen déi fir eis haut ganz normal si waren deemools Utopie .. an do war et de Veräin - d’Réckgrat vum lokalen Zesummeliewen - den de Léit geselleg Momenter erméiglecht huet.
D’Versammlunge ware flott Geleeënheete fir sech iwwert déi verschidde Gaardenaarbechten auszetauschen an ze informéieren … a bestëmmt och eng Geleeënheet den een oder den anere Pättche mateneen ze drénken.
Et goufe Pläng opgestallt wat wéini am Laf um Joer am Gaart ze maache war. Eis Virgänger kruten esouguer e Luef dofir vum Zentralvirstand:
Ech zitéieren aus der Broschür fir eis Fändelswei vun 2003 déi vum Roger Ecker deemools zesummegestallt gouf:
„Obiges von den Kleingärtnern des Moselstädtchens Remich im voraus festgelegte Jahresprogramm dürfte in mancher Hinsicht vorbildlich sein für sehr viele Ortsgruppen.“
Dëse Roll huet haut d’Liga mat der Verbandszeitung iwwerholl, déi niewent interessanten Artikelen iwwert de Gaardebau och iwwert all Beräicher um Liewen informéiert
Niewent Gaardenaarbecht gouf deemools awer och iwwert fir déi Zäit ganz aktuell Sujete vun der Zäit informéiert. Esou gouf et 1931 e Virtrag an engem bis op de leschte Platz gefëllte Sall iwwert de Stroum. Den Thema war „Die Elektrzität im Haushalt – Gefahren und Schutz“.
A wann een d‘Norichten haut esou lauschtert misste mir haut e Virtrag organiséieren iwwert d’Virdeeler a Gefore vum Internet , de „smarten“ oder fernkontrolléierten Frigoen an der KI … .
Dir gesitt … de Gaart an Heem huet och schonns deemools iwwert all Méiglech Beräicher informéiert … an d’Argument: wat maachen ech do, ech hu jo kee Gaart konnt en och schonns deemools net ziele loossen.
Geschicht widderhëlt sech an no der éischter Grënnung 1926 hunn sech 1946 erëm engagéiert Léit zesumme gedoe fir eng Neigrënnung vum Veräin.
Den 10 Februar 46 war déi éischt Generalversammlung no der laanger Paus wéinst der däitscher Occupatioun. De 27. Dezember 1946 koum et zu enger Neigrënnung fir sech u Gesetzer unzepassen .. och schonns deemools hunn d’Veräiner missen hir Statuten de néie Reglementer upassen.
Déi éischt Monatsversammlung war de Succès: 400 Léit am Saal Feltz an der Maachergaas zu Réimech.
Et goufen Ausflich organiséiert (an de Schwarzwald, un de Rhein oder op Gënzefest op Woltz). Et gouf eng Mammendagsfeier …
A vun do bis haut … mir hunn zesumme mat iech eise néie Fändel gedeeft, e Kongress organiséiert ….. mir waren zesummen um Floumaart um Baachusfest fir d’Kees op ze besseren.
Mir hu Versammlunge mat Blummentombola organiséiert … an ëmmer hate mir déi selwecht Diskussioune well een Dësch méi gewonn huet wéi den aneren.
Concerten, Konferenzen, Ausflich op Blummenaustellungen oder Chrëschtmäert, mir waren op de Keukenhof an an d’Elsass op Chrystanthema … mir hu vill schéin a lëschteg Momenter matenee verbruet.
Fir gerëscht fir d’Zukunft ze sinn an sech dem Gesetz unzepassen gouf de Veräin dann 2024 eng 3. Kéier gegrënnt fir him de Statut vun enger Asbl ze ginn. Et ass méi administrativ Aarbecht … mee et ass gutt dat Veräinsaarbecht e legalen an ofgesécherte Kader krut de senger Importenz Rechnung dréit.
An deenen 100 Joer ware vill schéi Momenter a manner schéi Momenter, et si Frëndschaften entstanen, mir hu vill zesummen erlieft, mir hunn eppes zesumme fäerdeg bruecht a mir hunn och heiansdo zesumme gekrasch ….… dat ass dat wat a kengem Rapport steet mee dat ass dat wat e Veräin esou wäertvoll mëscht .. onbezuelbar wäertvoll.
Happy Birthday Gaart an Heem Réimech
Photoen Roland Huberty