50 Joer Amiperas Réimech

Réimech: Um Samsdeg, den 29.09.2018 huet d'Amiperas Sektioun Réimech hire 50. Anniversaire gefeiert. Aus dësem Grond huet si Vertrieder vun der Gemeng, vum Familljeministère, vun der Amiperas Lëtzebuerg, mä virun allem all hir Memberen zesummegeruff, fir op der Princesse Marie-Astrid e puer flotter Stonnen ze verbréngen. Esou hate sech op dësem Dag iwwer 100 Frënn vum Club zesummefonnt, fir dëse ronne Gebuertsdag mam Comité vun der Amiperas Réimech ze feieren.(Text L.Belling)  Jean Becker via mywort.lu