BKS-Racing / Réimech

D'Kartsaison ass nees voll am gaang. BKS-Racing organiséiert hiert Championnat “BKS-Trophy“ schon am 11. Joer. Gefuer gëtt ee mol am Mount op Locatiouns-Karts zu Monnerech an op de Pisten ëm Lëtzeburg. Nom éischten Drëttel vun de Rennen (no der 9. vu 35 Manchen) ass de Frank Gubbini (Foto: sëtzt am Kart) nees un der Spëtz vum Klassement, virum Sam Loeb (lénks niewend dem Kart) a Roel Seerden (riets niewend dem Kart). De Frank Gubbini ass säit 2009 ëmmer un der Spëtz vun dësem Championnat ze fannen. De Jeff Raach (bekannt aus dem Motosport Formel König 2000-2001, Formel VW 2002-2003 a Formel Ford 2003) ass säit 5 Joer ëmmer nees op Plaz 2 komm. Kann dëst Joer ee vun den 20 Piloten de Frank 2016 a Schach halen? Dat bleift ofzewaarden; 2016 versprëcht nees eng ganz spannend Saison am BKS Karting ze ginn. Leider ass den Tom Keller (bekannt aus dem Motosport Formel Ford 2000 a Formel Renault 2001-2002), dee joerelang mat derbäi war, net méi esou oft um Start; soss wier dat Ganzt bestëmmt nach méi spannend.
Niewend der BKS-Trophy fiert d'Team och all Joer iwwer eng Dozen Endurance-Rennen (ëmmer op Locatioun Karts) vun 3, 12 oder 24 Stonnen an der Géigend ëm Lëtzeburg, awer och alt méi wäit ewech, wéi an England oder op Mallorca.
All weider Informatiounen ëm d'BKS-Racing Team, wat scho säit 1994 besteet, sinn op www.bks.lu ze fannen.