Fraen a Mammen Schengenraum

No der Strukturreform vum Äerzbistum Lëtzebuerg 2017 huet d’Dekanats-Equipe vun de Fraen a Mammen Dekanat Réimech (=den Zesummeschloss vun den eenzele Sektiounen) sech decidéiert als Fraen a Mamme Schengenraum weider ze schaffen. Si hunn ëmmer mat vill Freed zesumme geplangt a geschafft an Ausflich organiséiert, reliéis Momenter virbereet an eemol am Joer hier Sankt-Anna-Feier gefeiert.

Mëtt 2021 hu si decidéiert sech opzeléisen -déi eenzel Sektiounen existéieren awer weider- an hu mat hire Sue folgend Wierker ënnerstëtzt: 6.500 Euro fir d’Réimecher Kierch, 2.000 Euro fir den ACFL-Daachverband, jeeweils 1.000 Euro fir d’Croix Rouge, d’Stëmm vun der Strooss an d’Sozialéquipe Bonnevoie, jeeweils 500 Euro fir d’Fondation Ste Irmine a fir d’Gemeng Rouspert-Mompech fir d’Iwwerschwemmugshëllef a 200 Euro fir d’Schoulsaackaktioun fir Rumänien.

Den ACFL-Daachverband seet hinnen e grousse Merci fir all déi Aarbecht, déi si an deene ville Jore fir d’Fraen a Mammen Dekanat Réimech -spéider Schengenraum- an doriwwer raus geleescht hunn.