Massendéngerdag 2026 mat Verfilmung "Klibbere goen"

14
Mär
14 Mär

Heimat invitéiere mir all Massendénger (vum Cycle 3.1. un) op eise Massendéngerdag

MAFREMA (Mat Freed Massendénger), dee mir dëst Joer zu Randschelt a Kooperatioun mam Musée Thillenvogtei ofhale wäerten: Samschdes, de 14. Mäerz

2026. Mir treffen eis all ëm 9.15 Auer an der Kierch zu Randschelt (L-8832

Rindschleiden).

Hei e Bléck, wat mir alles deen Dag erliewe wäerten:

* 9.30 Auer: Massfeier an der Kierch zu Randschelt (fir jiddereen)

* uschléissend: Aktivitéiten (just fir Massendénger!) ronderëm eis Traditioune vun

Halleffaaschte bis Ouschteren (Ouschtereeërfierwen, Klibberen, Baken, Kardeeg,

Ouschternuechtfeier). Natierlech ass och eng waarm Stäerkung als Mëttegiesse fir

d’Massendénger virgesinn.

* géint 16.15 Auer: Ofschlossgedanken (fir jiddereen) an der Kierch zu Randschelt

Fir den Transport op Randschelt an erëm fir heem suergt jidderee selwer.

Wann alles klappt, wäerten deen Dag d’Massendénger fir den “Iki-Clip” zum Thema “Klibberen” vun engem Kameramann, dee fir de Kulturministère déi eenzel Videofilmer zu den Elementer, déi op eisem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen enregistréiert sinn, filme kommen.

Fir dee ganzen Dag (all Aktivitéiten, Assurancen, waarmt Mëttegiessen) froe mir fir all Massendénger e Participatiounspräis vu 35 €.

Net vergiessen:

* eng Fläsch mat Gedrénks, fir am Laf vum Dag ze drénken

* sech dem Wierder ugepasst kleeden

* Kleeder, déi knaschteg dierfe ginn (et gëtt geschafft)

* fest Schong

* gären dierft Dir och Är Klibber matbréngen

* Identitéitskaart a Krankekeesskaart

Umeldung: Aus der Erfarung eraus an och aus organisatoreschen a logistesche Grënn

biede mir, datt d’Massendénger sech wgl. mam detailléierten Umeldungsziedel bis

allerspéitstens den 02. Mäerz 2026 an der Zentral vun de Lëtzebuerger Massendénger

umellen.

Fir Begleeder/Massendéngerresponsabel, déi matkomme wëllen:

Dir däerft moies bei der Mass an der Kierch zu Randschelt mat dobäi sinn (Dir braucht Iech dofir net unzemellen) – dono sinn d’Aktivitéite just fir Massendénger. An der Thillenvogtei ginn d’Kanner vun deene Leit betreit, déi ëmmer do schaffen – Memberen aus der “Ekipp Lëtzebuerger Massendénger” begleeden d’Massendénger.

Gären dierft Dir deen Dag an der Ëmgéigend vu Randschelt d’Natur genéissen. De

Rendez-vous fir d’Massendénger ewechzehuelen ass ëm 16.15 Auer fir de gemeinsamen Ofschlossgedanken an der Kierch zu Randschelt.

GANZ WICHTEG: Haalt iech wgl. un den Umeldungsdatum vum 02.03.2026. D'Visitten

an och d‘Iesse musse virbereet an organiséiert ginn. Mir mussen och alles op der

Assurance mellen an eventuell, deemno wéi vill Umeldunge mir kréien, sinn

Adaptatioune vum Programm néideg. Wien net ugemellt ass resp. wien net

iwwerwisen huet, dierf leider deen Dag net matmaachen.

Vergiesst och net, fir de Participatiounspräis vu 35 €/Massendénger op eise Kont

LU41 0028 4101 1668 9900 (BIC: BILLLULL) vun “Archevêché de Luxembourg –

Lëtzebuerger Massendénger” iwwerweisen.

Dir kritt eng Bestätegung, wann d'Umeldungsfiche + d'Sue bei äis ukomm sinn. Am Fall

wou een net komme kann, kann ee sech bis de 13.03.2026 via Mail oder um

+352 621 622 511 mat enger SMS ofmellen an et kritt een dann de Participationspräis

zeréck iwwerwisen.

Schéckt wgl. dësen Umeldungsziedel un:

Lëtzebuerger Massendénger (Centre Convict)

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Lëtzebuerg

oder mailt är Umeldung un: massendenger@cathol.lu

Mat beschte Gréiss

d'Ekipp Lëtzebuerger Massendénger

#massendéngerdag2026

#Massendéngerdag

https://web.cathol.lu/article14343